Quantcast
Viewing latest article 3
Browse Latest Browse All 28

Shell Eco Marathon

Up2date: Wat ass den Shell Eco Marathon genau ? H. Gloesener: Vill Schoulen an Unien machen do mat. Si probéieren ee Prototyp ze bauen deen sou wéineg wei méiglech Sprit verbraucht . D’Schoulen an d’Unien triéden dann an enger Kompetitioun géint eneen un. Up2date: Wei vill Schüler maachen dëst Joer mat ? H. Gloesener: Et schaffen ëm déi 25 Schüler um Auto. Up2date: An wéi engen Bereicher gëtt um Auto geschafft? H. Gloesener: Et gëtt un der Lenkung geschafft. A Platz vun der Seelzuchlenkung bauen mir eng hydraulesch Lenkung ze. Am Beräich vun der Gangschaltung gëtt och eppes geännert: mir wëllen a Platz vun puer Gäng op een Gangerofkommen. Et soll och ee besseren Frailaaf montéiert ginn an d’Asprëtzung soll optiméiert ginn . Mir wëllen och méi eis Schoul presentéieren an deenen aneren Schoulen an Unien eist Land bëssi méi no bréngen. Up2date: Wei ass et d’läscht Joer gelaf ? H. Gloesener: Ech fannen, dass et ganz gutt gelaf ass: mir sinn 81. vun ëm déi 200 ginn, an déi 31. vun den teshneschen Lycéen. Eisen Auto huet 230Km mat engem Liter gepackt. Up2date: Wat sinn d’Zieler vun dësem Joer? H. Gloesener: Mir hoffen, eis d’ Resultat vum leschten Joer ze verbesseren. Mir wëllen och eis Schoul an eist Land virstellen . Up2date: Wat wëllt dier den Leit dobaussen nach mat op den Wee ginn ? H. Gloesener: Et ass ee Challenge zwëschen verschiddenen Schoulen , mir hunn zimlech vill Spaass zesummen an et ass vill Teamwork gefrot. Et ass natierlech och interessant déi aner Schoulen kennen ze leieren, an och déi verschidde Natiounen .

Viewing latest article 3
Browse Latest Browse All 28