Ab dem 28ten Februar start déi zweet Editioun vun Screaming Fields , organiséiert vun der Rockhal. Den Up2Date huet et sech net huelen gelooss zesumme mam LTAM Schülerradio een Interview mam Här Toth, General Manager vun der Rockhal, ze maachen. D’Konzept vun Screaming Fields besteet doranner, nei jonk Nowuess-Gruppen kennenzeléiren, ze entdecken. Eventuell kënnen di eenzel Gruppen, duerch Kollegen, nei Fans kréien, wat hir Motivatioun natierlech steigert. Lescht Joer haten sech eng 30 Gruppen aus 19 Lycéeën ageschriwwen a 15 Gruppen waren beim Festival dobäi. Dobäi waren och eng 600 Leit fir hier Lieblingsgruppe ze ënnerstëtzen. Et ginn 2 Neierungen an dësem Joer. Et ginn dëst Joer 11 Gruppen selectionéiert an 9 Gruppen gi vun den Leit gewielt fir den 3ten Juni op den Festival. An dest Joer kann 1 Grupp fir 1 Lycée um Festival deelhuelen. Eng aner Neierung ass, dass Gruppen, déi um Festival spillen kennen, zesummen mat der Rockhal hier Performance verbessere kënnen. Gruppen déi sech wëllen umellen, kënnen dëst tëscht dem 28ten Februar an dem 18 Mäerz ënnert www.zap.lu/screamfields maachen. D’Gruppen kënnen sech iwwert dësen Site presentéieren, ob iwwert Audio, Video oder an Textform, do sinn keng Grenzen gesat. De Voting leeft vum 19ten Mäerz bis den 8ten Abrëll, ebenfalls iwwert een ZAP-Account. Präisser ginn et je no Kategorien an denen ee gewonnen huet. Präis fir déi bescht Performance gëtt et vum SNJ (Service National de la Jeunesse). Si lueden de Gewënner op, den vum SNJ organiséierten, Festival „ On Stèitsch “ den 24ten September 2011 an. Den SNJ ass dobäi fir Jugendkreativitéit ze förderen. Vun der Sacem gëtt fir déi bescht Compositioun een Präisgeld vun 500€ an een Optrëtt um Festival „Social Jam“ den 19ten Juni an der Rockhal. Fir de beschten Marketing gëtt et vun den „Jonken Entrepreneuren“ an der Rockhal een Artwork fir ophuele vun engem Demo-Band mat 3 Titelen am Studio vun der Rockhal. Méi Infoen, fann dir och op www.zap.lu/screamingfields Up2Date: Wién koum op Idee esou ee Festival ze organiséieren? Här Toth : Mir hunn eng Equipe fir Nowuesgruppen. D’ Nowuesgruppen trauen sech awer meeschtens net an d’Rockhal ze kommen, an do hu mir eis Gedanken gemaach, wei een Nowuesgruppen ka förderen. Up2Date: Sinn d’Bänden vum leschten Joer nach zesummen?? Här Toth : Bis op eng Bänd sinn se nach all zesummen bliwwen. Up2Date: Well dir den Screaming Fields elo all Joers organiséieren? Här Toth : Jo op alle Fall. Mir wëllen déi Jonk motivéieren hier Kreativitéit un d’Ëffentlechkeet ze bréngen. Fir di nächst Jore sti nach weider flott Ideeën um Programm an der Organisatioun vum Screaming Fields . Up2Date: Wei eng Musikstiler ginn am meeschten gespillt bzw. sinn hei zu Lëtzebuerg am beléifsten? Här Toth : Am meeschten ass et Rock, Gittare baséiert Musik. Mä ab dësem Joer ass och Elektro an Hiphop erlaabt, mä d’Konditioun ass, dass d’Instrumenter mussen mat agebonnen ginn. Up2Date: Aus wéi engem Lycée kouemen d’Bänden, déi lescht Joer gewonnen hunn? Hät Toth : Fir de beschten Song war et Grupp Nisroc aus dem Lycée Technique des Arts et Métiers . Fir di bescht Performance war et d’Grupp Lost in Pain aus dem Lycée Technique Mathias Adam Petange an fir den beschten Marketing war et Los duenos del ska aus dem Lycée Technique de Bonnevoie . Up2date: Mir soen Iech villmools Merci fir den Interview Weber Georges
↧